top of page

FLASHBACK

Robi Peffer a publié en luxembourgeois quatre articles sur le groupe sous l'occupation dans notre périodique.

Bei den Aigles viru 60 Joer 

Fréi mueres den 10. Mee 1940 gouf eist Land, iwert d'Our an d'Musel, vun der däitscher Wehrmacht iwerfall an an e puer Stonnen komplett besaat. De preiseschen Truppen hir Direktioun war Frankräich a Belgien. D'fran séisch Arméi goung op der Grenz an der Minettsgéigend der Wehrmacht ent géint, sou datt do mat Krichsschluechten ze rechne wor. De ganze Süden vun eisem Land gouf duerfir zum "Sperrgebiet" erklärt an d'Populatioun gouf evakuéiert. E groussen Deel dervun goung a Südfrankräich an de Resch an den Zentrum an d'Eislék vun eisem Land. 

 

Fir d'Iesse vun den Evakuéierten huet d'Roud Kräiz gesuergt a sougenannt "Vollékskichen" ageriicht. D'Scouten an aner Fräiwelleger hu gehollef d'Iessen ze verdeelen. Schon den 11. Mee huet esou eng Kichen um "Hellege Geescht" fonktionnéiert an et gouwen 3000 Molzechten zerwéiert. Doniewent gouwen am Kasärenhaff zwou Feldkichen opgeriicht a wore wochelaang a Betriib. Déi Evakuéiert gouwe provisoresch am Turn- a Festsall vun der Kasär ennerbruecht. Och d'AIGLES-Scouten an Uniform ware vum 12. Mee un am Asaz fir den Evakuéierten 2 Woche laang ze hellefen. Des Hellef be stoung wéi scho gesoot am Verdeele vum Iessen an awer och doranner déi Evakuéiert op Leschten anzedroen fir esou eng Iwersiicht iwer déi evakuéiert Populatioun ze kréien. 

 

D'Roud Kräiz wor net geriicht fir Dausende vu Leit kachen ze missen an duerfir gouwen d'Zelter an d'Kichematerial vun de Skautstruppe gebraucht. Bei deser Geleenheet as iwregens e Kachdeppen vun den AIGLES verluer gaang.

 

No engem gudde Mount, besonnesch no der Kapitulatioun vu Frankräich Mett Juni, wor d'Gefor eriwer an d'Leit konnten erem zréck an hir Stied an Dierfer vum Minett goen an domadd wor och den Asaz vu Guiden a Scouten op en Enn. 

 

D'AIGLES haten deemols 17 aktiv Scouten; et waren dat: Cunny GRAFFE, Gruppechef; Max DEVAQUET a Pierre MEYER, Truppecheffen; Charel THEWES, Marcel GUIRSCH, J.P. SCHAEFFER, Jean JONAS, Pierre LOUIS, J.P. MEYER, J.P. JUNIO, Jacques JUNIO, Gasty BIEVER, Ferdy JOPPA, René URBANY, Roger GRAFFE, Raymond ARGENDORFF an Antoine JUNIO, Scouten. President wor de Mett KOHN. 

 

Wat nach alles am Laf vum Joer 1940 op d'AIGLES duerkoum, gesi mer an der nexter Nummer vum TOTEM. Trotz alle Schikanen, Verfügungen, Verordnungen asw. huet fir d'Scouten méi ewéi je d'FNEL's-Devise gegoll: TREI ZUM LAND ! 

1940 zu Lëtzebuerg a bei den Aigles 

Am TOTEM No 1/2000 hu mer gesinn wat an der éischter Halschent vum Joër 1940 lass war a wéi d'AIGLES bei den Evakuéierten am Asaz woren. 

 

Déi 2. Halschent gouf méi schlëmm, well Lëtzebuerg vum 29. Juli un ënner der Regie vum Gauleiter Gustav Simon an der Gestapo stoung. Vun elo un goung et lass mat Schikanen a mat Brutalitéiten géint d'Lëtzebuerger, déi duerop reagéiert hun, andeems se de Kapp gewisen a Resistenz géint den Okkupant gemat hun. 

 

De 6. August huet de Gauleiter Simon eng „Verordnung über den Gebrauch der deutschen Sprache im Lande Luxemburg" erausgin. Deemno hun all Nimm musse"verdäitscht" gin, wat mat sech bruecht huet, datt d'AIGLES sech “DIE ADLER" hu missen nennen. Aus der FNEL gouf de “Luxemburgischer Pfadfinderbund - vormals FNEL”. 

 

Wien “bonjour, bonsoir, merci asw” gesoot huet an dobäi erwëscht gouf, krut eng Geldstroof! D'Nei Avenue gouf an « Adolf-Hitler-Strasse » ëmgedeeft. 

 

Reaktioun géint all dës Schikanen wor de “Spéngelskrich” vum 14. August. Obschons et verbuede wor, hun d'Lëtzebuerger Spengelen mat Nationalsymboler (Groussherzogin, Roude Léiw, Nationalfaarwen asw.) ugedoen an domadd hir Identitéit an d'Trei zu hirem Land no bausse gewisen. 

 

Duerch eng "Verordnung vum 22. August gouf beschloss all Lëtzebuerger Veräiner opzeléisen an hirt Verméijen ze konfiskéieren. Och d'Lëtzebuerger politesch Parteien gouwen opgeléist. 

 

Duerch e Bréif vum 11. September vum Generalsekretär vum “Nationale Luxemburger Pfadfinderbund Fnel", dem “Nagender Biber” (virum Krich dem „Castor rongeur”, alias Raymond Thévenin, genannt “Toff"), gouwen d'AIGLES opgefuerdert dem “Stillhaltekommissar für das Organisationswesen in Luxemburg" op eng Parti Froen an enger Zirkulär ze äntwerten an dat huet de Gruppechef Cunny Graffé de 14.9. gemat.

 

Den 8. Oktober koum déi next Zirkulär, wouran et geheescht huet eise Grupp kéint erëm provisoresch mat séngen "zeitgemässen" Aktivitéiten ufänken. Och d'Uniform konnt bäibehale gin, mee all Ofzeechen déi eng "nichtdeutsche Beschriftung" haten, woren erofzehuelen. Et gouf och verbueden“ in geschlossenen Reihen" bannent der Uertschaft opzemarschéieren, 

 

Mee all dës HënnernÄ—sser hun d'AIGLES nët besonnesch impressionnéiert a gestéiert, a si hun trotz allem nach eng Rei vu Sortiën an d'Land gemat. 

 

Am Laf vum Oktober as d'Gestapo dei bis dohin am Gebei vun der ARBED ënnerbruecht wor, an déi berühmt berüchtegt Villa Pauly geplënnert e Numm dee bis haut bei deenen eelere Generatiounen e battere Nogeschmaach huet. 

 

Well den Okkupant decidéiert hat all lëtzebuergesch Monumenter ofzerappen, gouf den 20. Oktober "d'Gëlle Fra" ewechgerappt; d'Protestmanifestatioun vun de Lëtzebuerger gouf brutal vun der Gestapo ofgebrach. Zwee Deeg méi spéit gouwen eis Chamber an de Staatsrot opgeléist. 

 

Wann D'AIGLES och provisoresch mat den Aktivitéiten weidermaache konnten, esou wor awer duerch déi sëllechen Virschrëften an Aschränkongen d'Häerz nët méi esou richteg derbäi. 

 

Ufanks 1941 koum den definitiven "Out” fir eise Grupp, wéi en duerch eng "Verordnung" als opgeléist erklärt gout. Mir komme nach duerop zréck. 

De Lëtzebuerger Jonken an den Nazi-Regime

Well mer an der läschter Nummer vum TOTEM praktesch alles gesinn hunn, wat am Joer 1940 hei am Land a besonnesch bei den AIGLES lass wor, wëlle mer elo emol kucken, wéi de preiseschen Okkupant sech ugeluecht huet fir déi jonk Leit vun deemols fir seng Iddien z'interesséieren a wéi duerop d'Reaktioun vun der Jugend wor. 

 

Am Joer 1933 wéi den Hitler a séng NSDAP (Nationalsozialistesch Partei) an Däitschland un d'Rudder koumen, kruten och d’HJ (Hitlerjugend) an de BDM (Bund Deutscher Mädchen) en zolidden Opdriff an hu sech och bei eis am Land, mat Hëllef vun der AO (Auslandsorganisation der NSDAP), breed gemat. Bis ufanks vum Krich wor et awer nëmme preisesche Kanner, déi hei bei eis am Land geliewt hun, erlabt Member vun der HJ ze ginn. Dat sollt awer änneren, wéi am Joer 1940 déi Lëtzebuergesch Jugendorganisatiounen verbueden an opgeléist gouwen. Vun do un konnten och Lëtzebuerger an d’HJ goen. 

 

A séngem Buch „Luxemburgs Kinder unter dem Nazi-Regime“ (Edit. St. Paul 1997) beschreift de Robert KRANTZ ganz flott, wéi de Lëtzebuerger Jonktem op déi preisesch Propaganda reagéiert huet an hei schénge sech besonnesch d'Scoute vun der FNEL duerch hir zolidd Oppositioun ervirgedoen ze hun. Esou sollt z.B. 1935 zu Weimeschkiirch de Film „Pimpfe“ opgeféiert gin, mee, seet de Robert Krantz (S. 637): „Die tatsächliche Vorführung des Films wurde bloss dadurch verhindert, weil eine Anzahl Anhänger der FNEL dem Abend beiwohnten (am 28. Juli 1935, im Saale Stroesser), und unweigerlich Radau geschlagen hätten, wenn das erste Hakenkreuz auf der Leinwand erschienen wäre. Die sauberen Organisatoren der Veranstaltung wurden noch rechtzeitig darauf aufmerksam und verzichteten lieber auf die Vorführung des Propagandafilms." 

 

Am Oktober 1940, wéi duerch eng „Verordnung“ vum Gauleiter all Veräiner an Organisatiounen opgeléist gouwen, hunn d'Preise probéiert duerch Verhandlungen mat de Responsablen vun der FNEL deenen hir Scouten fir d’HJ ze begeeschteren; dat selwecht gouf och mat den LS probéiert. „Beide Verbände haben in der Vergangenheit sich in ihrer Führung sehr stark deutschfeindlich betätigt und es bleibt unklar, wie jetzt an eine Übernahme gedacht werden kann“ (R. Krantz, S. 737). Am Ufank wor den Erfolleg ganz moer an eréischt, wéi an de „grousse Schoulen“ (Kolléisch, Lycée asw.) d'Stodente forcéiert gouwen an d'HJ an an de BDM ze goen (well se soss aus der Schoul geflu wieren!), krut ,,d'Bewegung“ e gewëssen Opschwonk. Mee d'Häerz vun de Lëtzebuerger Meedercher a Jongen wor awer net bei der Saach a si hunn dat ganzt "preisesche Bluff" genannt. 

 

Vum 14-23. Oktober 1940 gouf op Invitatioun vun der „Reichsjugendführung“ eng Rees duerch Däitschland gemat, fir deenen 18 jonke Leit déi matgoungen (8 Mêmbre vun der HJ an 10 Scoute vun der FNEL), ze weisen wat Nazi-Däitschland der Jugend alles esou ze bidden hätt. Mee och hei schéngt d'Méi vun de Preisen bei de Mêmbre vun der FNEL ëmsoss gewiescht ze sin, well de R. Krantz schreift (S. 738): „Die FNEL-Angehörigen halten in ihrem Urteil zurück. Nach ihrer Rückkehr haben sie sich im Gegensatz zu den Erwartungen des Beauftragten der HJ nicht zur Volksdeutschen Jugendorganisation gemeldet. Das Verhältnis der beiden Gruppen war während der Fahrt nicht immer einträchtig, was in dem eigenartigen Verhalten der FNEL-Führer begründet liegt“. 

 

Alles an allem kann ee soen datt d'Begeeschterung vum Lëtzebuerger Jonktem fir déi preisesch „Jugendbewegung“ sech ferm a Grenze gehal huet an um Enn secher net dee Succès hat, deen d'Preise sech dervun erwaart haten.

1941 – D'Aigles gin opgeléist 

Mir hu gesinn, wéi et de Lëtzebuerger a méi speziell dem Jonktem ergoung, nodeem d'Preisen eist Land am Joer 1940 iwerfall a besat haten. Mir gouwen och gewuer datt vun der „Verordnung vom 23. Oktober 1940 über die Auflösung, Überleitung und Eingliederung von Organisationen in Luxemburg“ och all Skautsorganisatiounen betraff woren. Et gouf zwar nach vun de Preise probéiert duerch Verhandlongen d'Scouten vun deenen zwee Verbänn fir hir Saach (d'Hitlerjugend) ze begeeschteren, mee wéi doraus näischt gouf, koum ufanks 1941 dat definitivt Enn fir de Skautissem zu Lëtzebuerg. 

 

Fir d'AIGLES wor dat den 23. Januar 1941! Mir wësse nët op dësen Datum „absichtlech“ esou gewielt gouf oder nët, op alle Fall wor et de Gebuertsdag vun eiser Groussherzogin Charlotte, eisem speidere Nationalfeierdag. Mat der „Verfügung vom Stillhaltekommissar“ gouf eise Grupp „mit sofortiger Wirkung gelöscht“ a säi Verméigen „zu Gunsten des Aufbaues im Bereich Luxemburg“ agezunn. Enner Verméigen wor ze verstoen: Borgeld, Zelter, Campingsmaterial, Musékinstrumenter, Fändelen, Dëppen, Paanen, Schosselen an anert Kichegeschiir, Veräinsstempelen, Bicher, Zäitschrëften, Formulären asw. Bei der Landesleitung der Luxemburger Volksjugend“ wor alles ofzeliwweren an dat hun d'AIGLES den 8. Februar 1941 géint Quittung gemat. Et brauch ee wuel nët z'ernimmen wéi et hinnen deemols zemudd wor; si hu gudd Minn beim béise Spill gewisen a sécher mat enger Knupp am Hals eng Fauscht an der Täsch gemat. Dat Material, dat 1941 konfiskéiert gouf, huet eise Grupp ni méi erëmgesinn. Wann et och am Skautsgesetz heescht datt e Skaut ëmmer soll d'Wourecht soen an éierlech sinn, esou muss dach awer ernimmt gin, datt dat den 8.2.1941 nët grad esou wor: un eisem Fändel wor eng roud-wäiss-blo Flätsch déi nët ofgeliwwert gouf an de ganze Krich iwer bei eisem Grënner, dem Marson's Tunn, verstoppt wor; och e Clairon aus dem Joer 1927 ënnerschloen, an déi zwou Saachen hänken haut an eisem Home a gi gudd versuergt. Och de Solde vun der Keess gouf e bësse „friséiert“ an aplaz vu 479,05 Frang gouwen der nëmmen 139,05 F iwerwisen, an dat well jidder Skaut deemols als Kompensatioun fir de Péngschtcamp 1940, dee wéinst der Invasioun vum 10.Mee 1940, ausgefall wor, d’Zomm vun 20.- Frang op de Kapp krut; doduerch wor de Solde dee konfiskéiert gouf ëm 340.- Frang méi niddreg! Sécherlech wor dëse klenge Verstouss géint d'Skoutsgesetz.  Sécherlech wor dëse klenge Verstouss geint d'Scoutsgesetz awer nët feel op der Plaz. 

 

No dem Opléise vun eisem Grupp gouf et offiziell keng AIGLES méi an och mat hiren Aktivitéite wor et gedoen. An dach hu sech vun Zäit zu Zäit eng Parti vun de Scouten heemlech getraff fir hir Frëndschaft am Geescht vum B.P. nët z'ënnerbriechen a fir kee Verrod un der FNEL’s-Devise „Trei zum Land“ ze begoen. 

 

Trotzdeem datt vun Ufank vum Krich un gehofft gi wor, datt e séier eriwer wier, huet et 1941 nach méi ewéi dräi batter a schwéier Jore gedauert bis am Hierscht 1944, den 10. September, eist Land séng Fräiheet duerch den Amarsch vun den amerikaneschen Truppen vum Generol Patton erëmkrut. 

​

Robi Peffer, Totem 2000-2001

bottom of page